Lueden ...

D'Offeren déi vun eise Servicer proposéiert sinn ginn all ausgefouert op Basis vu préalabel Studien andeems Är Bedierfnesser an d'Méiglechkeeten vun der ugebuedener Ausrüstung berécksiichtegt ginn , d'Charakteristike vum Gebai analyséiert gi an reglementäreg an normativ Ufuerderungen respektéiert ginn.

Eis Erfahrung erlaabt eis haut eng Berodungsroll am Kaader vun der Sécherheet a vum Schutz ze hunn. Luxsecurity stellt säi Savoir-Faire zur Verfügung fir Är Froen ze beäntweren an Léisungen ze fannen op technesch Probleemer déi dir begéint. 

Prescriptiounen an Autorisatiounen vun der Inspectioun du Travail et des Mines (ITM), Empfehlungen vun der Association d'Assurance Accident (AAA), Reglementer am Groussherzog, Berichter vun de Kontrollorganer, Demanden vun der Commision Nationale de la Protection des Données (CNPD) etc. Den Traitement an d'Interpretatioun vun dësen Dokumenter hu keng Geheimnisser fir eis Spezialisten déi Iech an Ären Efforen féieren.

Op Ufro kann Luxsecurity och Trainingssessiounen iwwert Sécherheet ubidden fir Iech Äert Wëssen Thema Sécherheet a Gesondheet ze entwëckelen. Eis autoriséiert an unerkannt Trainere am Groussherzog ginn Iech Qualitéitsservicer.